Eric Perl (12): “Ech hoffen datt et gläich fridden op där welt hei gët, an dass et kee weltënnergang gët, an dass se d’atomkraaftwierker sollen ofschafen an ecologesch elektronzellen kréien.”
Felix Watgen (12): “Ech wéilt gär dass Grichenland endlech aus der Euro-kris erauskënnt, an Italien, Portugal an all déi länner … . Ech wëll och sou wéi den Eric, dass d’atomkraaft ofgeschaaft gët – an Däitschland sin se jo schonn dobäi, si wëlle jo bis … ech weess net wéi ee joer, wëlle se jo all d’atomkraaftwierker ofschafen, an ech géif mech do och uschléissen.”
Lou Kalmes (12): “Ech si genau och där meenung wat den Eric an de Felix seet, och mat der Euro-kris a mat Grichenland an dat.”
Eric: “Ech wollt nach soen, dass déi grouss masseproduktiounen vun den déieren ophale sollen, zumols dat mat den hénger a mat de gänsen, well déi op engstem raum liewen a schonn an 30 deeg geschluecht gin …. also dat hoffen ech dass et ophält.”
Paul Breuskin (12): “Ech hoffen och net, dass et d’nächst joer eng kéier sou eppes gët, dass et waarm as a schnéi fällt, well dat as en zeeche fir ëmweltverschmotzung.”
Felix: “Ech hoffen, dass Libyen eng gutt zukunft kritt.”
Anouk Eickhoff (10): “Dass d’déiere méi gerecht behandelt gin, déi an de laboratoirë sëtzen, well ech hun een hond dovunner kritt, an déi fäerten iwwerall alles. Ech fannen et net schéin wa vill un deenen déiere getest gët. Ech fanne si sollen einfach se a rou loossen, well si si gläich net méi do, wann een sou weidermécht.”
A wat kanns du dann dozou bäidroen?
Anouk: “Dass een net esou vill saache keeft, déi een un déieren test, an dass een och den déiere soll hëllefen, do erauszekommen.”
Kann een dat dann?
Anouk: “Jo, ‘t gët eng organisatioun, déi schreiwen ëmmer bréiwer un déi, a wann een där zuer säit steet, kann et heiansdo sin dass déieren erauskommen.”
Rafael Dux (10): “Ech wënsche mer dass d’déiere méi gerecht behandelt gin an der natur, a bei bauerenhäff. Do gët et oft, bei deenen déi net bio sin, do kréie se oft medikamenter, domat se schéin déck gin; an dat as net schéi fir déi déieren. An déi gin och oft an ze klenge käfeger gehal oder sou. Dofir soll een och bio kafen, déi hun nämlech net esou eppes. … An ech hun nach eppes: datt sech méi mënsche fir déierschutz asetzen.”
Méchs du dat?
Rafael: “Jo, ech si beim WWF Däitschland an deem jugendclub vum Panda; do kréien ech all mount post och, a pro joer gin ech do 30 Euro.”
Luca Schmitz (10): “Ech wëll, dass méi leit hëllefe fir dass de reebësch méi laang kann iwwerliewen, well am reebësch, ouni déi vill beem géngen immens vill, honnerte vun déiere stierwen, an ‘t géng ëmmer manner sauerstoff op der welt gin. Well reebëscher dat sin déi gréisst bëscher op der welt, an ouni beem géng et net méi genuch sauerstoff gin.”
Weess du da firwat dass de reebësch ofgeholzt gët?
Luca: “De reebësch gët ofgeholzt fir haiser ze bauen a blieder hierzestellen.”
Rafael: “Neen … Déi holzen dat of, fir do eppes drop ze planzen, oder datt do kéi dono sin. Awer dat mat dem planze geet net gutt, well de buedem net gutt dofir as, si holze quasi fir näischt of. A si maachen ëmmer weider fir ze kucken ob et vläicht dach nach e gudde buedem gët, an dat gët et net, duerfir geet et ëmmer weider an esou.”
Nur Uysal (10): “Ech wëll, datt déi aner kanner an aner länner rem an d’schoul gin an net schaffen. Also, wéi an Afrika, datt d’meedercher net an d’schoul gin an ëmmer wäit waasser siche musse goen, fir ze kachen a fir ze drénken.”
Liam Leider (10): “Dass se an Afrika kënnen an d’schoul goen, dofir keeft méng mamm och nëmme bananne vu Fairtrade an alles vun do: orangen, cornflakes vun Oxfam, dat as och Fairtrade. An den urwald, fir dass deen net ofgeholzt gët, dofir … mäi brudder huet dofir ganz vill petzien, déi sin nëmme vu WWF; an FSC-blieder hu mir nëmmen.” ++










